Dem [Pəʊ] seng Geschichten

Heinsdo an awer regelmässeg muss d’[Pəʊ] eräus an d’Strooss fir sech Inspiratioun ze huelen an da verleeft hatt sech dohinner wou hatt guer net awaard gëtt. Sou ass hatt bei aqua alta zu Venedeg oder während kalem Reewierder um Krëschtmaart zu Ranschelt ze gesinn!
Iwwerall wou hatt higeet, wëll hatt d’Leit vun do aliewen. Hatt sengt hinnen dann seng Lidder awer op eng [Pəʊ]aart a Weis a grad wéi se an de Moment passen.

No jidfer Spazéiergang schreiwt d’[Pəʊ] seng nei Geschicht a säi Reesbichelchen op fir spéider des Momenter op der Bühn kënnen ze weisen! Seng neiste Geschicht, déi hatt am Gaang ze schreiwen ass, ass déi di hatt de läschte Juli an der Koffergrouf zu Stolzebuerg, Lëtzebuerg, aliewt huet.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *